Verdéngt Néierlag géint Munneref


14 April 2024

No engem schwaachen Match verléiert de Swift duerchaus verdéngt, an awer onglécklech doheem géint Munneref. Während et an den 1. 45 Minutten kaum nennenswert Chancen op kenger Säit gouw, koum de Swift stark aus der Kabinn an huet op de Goal gedréckt, ma just an der Phase sollten d‘Gäscht no engem Goal an engem Eelefmeter, verbonn mat enger Giel Rouder Kaart fir de Sacras bannend 5 Minutten mat 2:0 a Féierung goen. Am weideren verlaaf huet de Swift en 11m verschoss, konnt kuerz drop awer duerch e Goal vum Yoane Lasme op 1:2 verkierzen, vill méi sollt awer net méi geschéien. Mat elo 8 Punkten Réckstand op d‘Tabellenspëtzt schléisst een dëThema "Titelverteidegung" wuel oof, a konzentréiert sech op d‘Verteidegen vun der 3.Platz, déi een aktuell Punktgläich mat Nidderkuer deelt!