172 View(s)
FC Swift Hesper 5:3 Ierpeldeng

FC Swift Hesper 5:3 Ierpeldeng

En gudden a spannenden Match! No 2 Minutten ass de Swift mat 1:0 a Féierung gang, a konnt an der 36. Minutt op 2:0 erhéigen. Kuerz virun der Paus huet Ierpeldeng op 2:1 verkierzt.
No der Paus huet Hesper weider de Match gemaach. An den zweeten 45 Minutten huet Ierpeldeng 3 Eelefmeter kruut, een dovun konnt de „Susi“ haalen. No 90 Minutten stoung et 5:3.

Goaler fir Hesper:

Diomande (2)
Marques (1)
Merdjett (1)
Dauphin (1)

Domat klammen mer op déi 4. Platz!