SC Beetebuerg II 2:5 FC Swift Hesper


11 March 2018

Um 12. Spilldag vun dem Championat D2 vun den Dammen konnt den Swift mat 2:5 zu Beetebuerg gewannen. Schon no 4. Minutten waren d' Gäscht mat 0:1 a Féierung gang, an der 2. Halbzäit konnt Beetebuerg ausgläichen. An de läschten 20 Minutten konnt Hesper dun bis op 1:5 erhéigen ier d' Lokalequipe an der 91. Minutt op d'Schlussresultat 2:5 verkierzen. Eis Dammen bleiwen domat ongeschloen un der Spetzt vun der Tabell.

Goaler: 3x Morgane Stibling
           2x Isabel Valadares