Däitlech Victoire géint d‘Fola!


18 September 2022

Hesper huet d'Fola mat 8:1 iwwerrannt! De Rayan Philippe hat d'Heemekipp no 21 Minutten a Féierung bruecht. Virun der Paus huet de Stolz per Eelefmeter de Virsprong verduebelt. De Philippe huet direkt nom Säitewiessel den 3:0 markéiert. D'Fola koum beim 3:1 duerch de Correia nach emol erun. Hesper huet dono awer weider no vir gespillt. De Stolz, de Philippe mat sengem drëtte perséinleche Gol an de Malget hunn innerhalb vu 7 Minutten de Virsprong op 6:1 ausgebaut. De Swift huet net opgehalen an de Stolz mat engem weidere Gol an de Morabit hu fir d'Endresultat gesuergt.
Je 3 perséinlech Goaler an je eng Fierlag vum Rayan Philippe a vum Dominik Stolz maachen si zu de kloeren Matchwinner, me déi ganz Ekippenleechtung ass aktuell einfach onfassbar!