Knapp Victoire zu Monnerech!

Foto vun Albert Krier
23 October 2022
An engem immens enken an heckteschen Match setzt de Swift sech mat ebessen Chance mat 2:1 duerch! Schon no 7 Minutten huet de Rayan Philippe de Swift a Féierung bruecht, ier an der 2.Hallschend Monnerech no engem onglecklechen Handspill am Stroofraum de fällegen 11m zum Ausgläich geschoss huet. No 85. Minutten huet de Match dun wéinst engem Donnerwieder fir 20 Minutten ennerbrach missten ginn, me faerdeg war et dun nach lang net! De Rayan Philippe huet an der 1.Minutt vun der Nospillzäit säin 2. perséinlechen Goal markéiert an domat déi 3 Punkten, déi um Enn net onbedengt onverdengt, ma awer glécklech sinn.