Remis géint Ettelbréck, do war méi dran!

Foto vun Albert Krier



12 March 2023

Den Tabellenéichten géint den Tabellenläschten, op der Affiche eng kloer Geschicht. Ma esou einfach war et dun awer net. De Swift ass gutt gestart an no 12 Minutten duerch den Dominik Stolz a Féierung gang. Kuerz virun der Paus hun d‘Gäscht aus dem Näicht ausgeglach, esou ass et mat 1:1 an d‘Paus gang. Nom Säitenwiessel huet de Rayan Philippe no Ronn 50 Minutten op 2:1 erhéicht. Dun koum net méi ganz vill. Fehler, verpassten Chancen, an um Enn den 2:2 vun Ettelbreck! An der Schlussphase hatten waren nach epuer gudd Chancen op Hespersäit ze verzeechnen, ma iwert d‘Linn sollt de Ball nëtt méi rullen, sou dat d‘Punkten um Enn gedeelt ginn. Domat bauen mir de Fierspring op 3 Punkten aus a verpassen d‘Chance op en méi konfortabelen 5 Punkten Fiersprong.