Wantertransfer: Raphael Holzhauser

Paul Krier / Fupa Foto vun Paul Krier / Fupa



30 January 2024

Den FC Swift Hesper ass frou den Raphael Holzhauser presentéieren ze kënnen. Den 30 Joer aalen offensiven Mëttelfeldspiller aus Éisträich kënnt aus der belscher Jupiler Pro League vum OH Leuven, an huet an de läschten Joeren ënnert aanerem bei 1860 München, Grasshoppers Zürich a bei Austria Wien gespillt. Zousätzlech zu dësen, an ville weideren Veräiner, huet den Raphael och schon mat der Nationalekipp vun Éisträich Erfahrung gesammelt.