3:3 Remis géint Péiteng


11 February 2024

No engem intensive Match trennt de Swift sech mat 3:3 mat Péiteng. De Swift hat eng stark Unfanksphase me huet et verpasst et kloer ze maachen, trotzdem konnt den Raphael Holzhauser a sengem éichten Match den 1:0 schéissen. Sou ass et an d‘Paus gang, daat och duerchaus verdéngt. No de Paus hun d‘Gäscht Gas ginn, an an der 59.Minutt sinn si mam Ausgläich belount ginn. Just an der nächster Aktioun konnt de "Rapha" mat engem spektakulären Fräistouss op 2:1 erhéigen, ier Péiteng duerch Goaler an der 69. an an der 83. Minutt de Match gedréint huet. An der 5 Minutt vun der Nospillzäit konnt de Mohamed Morabet den Ausgläich schéissen, daat an engem Match wou eigentlech méi dran war, a wou eis direkt Konkurenten däitlech Victoiren feieren kënnen. Keng Katastroph, me keen gelongenen Optrakt an d‘Réckronn.
Nächst Woch geet et dann zu Rouspert weider.