1:1 Remis géint Monnerech!


30 March 2024

De Swift Hesper léisst géint Monnerech dräi Punkte leien a geet mat engem 1:1 vum Terrain. An den éischte 45 Minutte sollt kee Gol um Holleschbierg falen, obwuel de Swift héichkaräteg Chancen hat. Hesper huet no der Paus esou weidergemaach, hat awer weiderhin net dat néidegt Gléck. Dunn ass Monnerech iwwerraschend no engem Solo vum Delgado, deen de Fleury am Strofraum gesinn hat, a Féierung gaangen. Hesper huet de Kapp awer net hänke gelooss a koum nach zum verdéngten Ausgläich.

Artikel: RTL.lu