Holleschbierg
De Stade Alphonse Theis huet Ufanks Stade Holleschbierg geheescht a gouf 2001 nom fréiere Buergermeeschter Alphonse Theis benannt. En bitt eng 600 Sëtz- an 3500 Stooplatzen, wat en mat enger Kapassitéit vun 4100 Platzen zu engem vun de gréissten Stadien aus dem Grand-Duché mëscht.
Nieft dem Stade Alphonse Theis stinn den Equippen vum Swift nach weider Terrainen zur Verfügung:
Den Terrain Robert Thill, direkt nieft dem Stade Alphonse Theis esou wéi een syntheeteschen Terrain hannert der Sportshal gi fir d‘Matcher vun eise Reserve-, Jugend-, an Dammen-Ekippen genotzt!
En 4.Terrain den just fir Trainingszwecker a Jugendmatcher genotzt gëtt, ass an der Entrée vum Holleschbierg ze fannen!
All Terrainen, op deenen Matcher gespillt ginn, sinn mat enger Buvette equipéiert.





