

ELA Luxembourg
Mat ELA Lëtzebuerg (Association européenne contre les leucodystrophies) huet de Swift e starke Partner u senger Säit. Dës Organisatioun huet sech et zur Aufgab gemaach iwert Leukodystrophie ze informéieren an ze sensibiliséieren, d`Forschung weider ze dreiwen a betraffen Famillen ze ënnerstetzen. Leukodystrophie ass eng degenerativ Stoffelwiesselkrankheet, bei der déi wäiss Substanz vum Nervensystem ungegraff an oofgebaut gett. Betraffe Leit verleéren dofir vill vun hieren motoreschen a kognitiven Fähegkeeten. Niewt diversen aaneren Projeten déi de Swift zesummen mat ELA bedreiwen, steet besonneg de Volet vum Esport am Zeechen vum Kampf géint dës schweéier Krankheet. An Zukunft sollen eegen Tournoien organiséiert ginn fir Suen ze sammelen, déi dann ELA Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt kënnen ginn!