FC Mamer 3:4 FC Swift Hesper

Foto vun Philippe Zwick



07 May 2018

Um 3. läschten Spilldag gewennt de Swift auswärts zu Mamer no engem starken Match mat 4:3.
Schon an der 1. Minutt konnt Hesper duerch e Goal vum Merdjett Amine a Féierung goen. No 10 Minutten huet d' Lokalequipe ausgeglach, ier de Swift an der 22 Minutt op 2:1 erhéiht huet, des Kéier duerch de Luca Duriatti. Virun der Paus huet an der 27. Minutt op en Neits den Merdjett Amine op 3:1 erhéicht. Esou goung et dun an d' Kabinnen.
Déi zweet 45 Minutten waren net manner interessant, an der 60. Minutt huet Mamer op 2:3 verkierzt, an der 76. Minutt huet Den Hamed Diomande op 4:2 erhéicht an kuerz virum Schluss ass d' Lokaleelef op 4:3 runkomm. Esou ass et dun bliwen.