F91 Diddeleng 1:3 FC Swift Hesper


30 January 2019

Um Mettwochowent stoung trotz de wanterlechen Konditiounen en weideren Testmatch um Programm. Géint de Rekordmeechter vun Diddeleng krut de Swift et och mat engem ganz starken Géigener ze dinn. Béid Veräiner sinn schnell an de Match komm, a schon no 5 Minutten konnten d' Hausherren duerch e schéinen Schoss mat 1:0 a Féierung goen, ma just 3 Minutten méi spéit konnt de Swift vum 11m-Punkt ausgläichen.
D'Partie ass ganz animéiert weider gang, an sou ass an der 15 Minutt den 2:1 aus Siicht vum Swift gefall, daat duerch en Kappball no engem Corner.
Mat dem Resultat ass et an d' Paus gang. An der 2. Hallschend huet Diddeleng mei vum Match gehat wéi de Swift, trotzdem waren et op en Neits dei roud-wäiss déi markéieren konnten, sou dat et mat 1:3 op en Enn goung!