Atert Bissen 0:3 FC Swift Hesper


11 March 2019

No den läschten, schwéieren Matcher ouni Punkten konnten déi Roud-Wäiss um 3. Spilldag vun der Réckronn erem dräi Punkten mat op den Holleschbierg bréngen. Am décken Stuerm huet et awer gedauert bis de Filet net just wéinst dem Wand gewackelt huet. Bis zur Halbzäit stoung et trotz gudden Chancen nach 0:0.