FC Swift Hesper 2:2 UN Käerjéng 97


16 September 2019

Um 4. Spilldag stoung e schwéieren Match um Programm. Zwee bis elo ongeschloen Veräinen stoungen sech um Holleschbierg virun 265 Spectateuren géigeniwer. De Match huet sech demno spannend annoncéiert, a genau esou sollt et och kommen. De Swift konnt no 30 Minutten duerch e Goal vum Alessandro Cordaro a Féierung goen, me nemmen 5 Minutten méi spéit konnten d'Gäscht duerch en 11m ausgläichen. Mam 1:1 ass et och an d'Paus gang.
Nom Säitenwiessel war de Swift déi méi stark Equipe um Terrain, trotzdem huet d'UN Käerjéng an der 54. Minutt markéiert an ass mat 1:2 a Féierung gang. Hesper huet de Kapp net hänken geloos, an ass an der 69. Minutt mat engem Goal duerch de Brian Babit belount ginn. Trotz enger starker Dominanz a villen Chancen bis zum Schluss sollt et dem Swift net méi geléngen e weideren Goal ze markéieren, sou dat et aus der Hesper Siicht en onglécklechen Remis géint eng stark Gaschtequipe ginn ass.