FC Swift Hesper 4:1 FC Jeunesse Junglinster


28 October 2019

Mat 4:1 gewënnt de Swift doheem géint Jonglenster. Getraff hun Nicolas Perez (28. Minutt, 87. Minutt), Joel Pedro (36. Minutt), Omar Er Rafik (46. Minutt). Den Nicolas konnt mat zwee perséinlechen Goaler säin Gebuertsdag richteg feieren. De Swift ass déi eenzeg Equipe vun der Top 6 déi un desem Spilldag gewonn huet, dofir réckelen déi Roud-Wäiss op déi 2. Platz fir. Nächst Woch steet dann de Match géint den Tabellenleader zu Rëmleng um Programm!