US Rëmeleng 1:1 FC Swift Hesper


04 November 2019

Um Pobeier war et dann Spëtzematch, an um Terrain huet en gehaal waat e versprach huet. Béid Equippen hun bis zum Schluss gekämpft an alles ginn, um Enn sinn d'Punkten gedeelt ginn. Déi 1. Hallschend war de Swift kloer déi besser Equipe, et huet awer 35 Minutten an eng ettlech Chancen gedauert bis déi zu dem Zäitpunkt absolut verdéngten Féierung erreecht ginn ass. Den Nicolas Perez huet de Goal fir d'Gäscht geschoss. Esou ass et och an d'Paus gang. Nom Säitenwiessel war d'Lokalequipe besser an Match, an huet sech emmer erem geféierlech Chancen eraus gespillt. An der 81. Minutt ass den 1:1 gefall. Béid Equippen wollten déi 3 Punkten, sou dat et bis d'läscht Sekonn spannend bliwen ass. Iwert de Match gekuckt kënnen béid Formatiounen wuel mam Punkt liewen, och wann méi dran gewiecht wier.