FSV Mainz II 3:2 FC Swift Hesper


17 February 2020

Mat iwer 200km Distanz an an offiziell 14600 Plaatzen war et fir de Swift net nëmmen eng vun de wäitsten Auswärtsreesen aus de läschten Joeren, me gläichzäiteg och an engem vun den imposantesten Stadien. Géint déi 2.Equipe vum Veräin aus der däitscher Bundesliga ass een op e starken Géigener getraff den besonneg an den éichten 45 Minutten seng Chancen äiskaal genotzt huet. Wuel hat de Swift an der 1.Hallschend duerchaus ganz gudd Chancen, et huet um Enn awer un der néideger Präzisioun gefehlt. Gläichzäiteg huet d'Lokalequipe de Ball iwert d'Linn bruecht an hier Chancen äiskaal genotzt. An der Hallschend stoung et dofir ganz onglécklech 3:0 fir den FSV Mainz. Nom Säitenwiessel huet de Swift weider Drock gemaach an gouw belount. Babit a Marques hun op 3:2 verkierzt, esou ass de Match dun och op en Enn gang.