FC Mamer 32 2:2 FC Swift Hesper


08 March 2020

Spannend war et zu Mamer, a spannend get et nächst Woch um Holleschbierg! Nom 2:2 zu Mamer konnt Woltz erem punktgläich mam Swift zéien, esou dat et nächst Woch zum Gipfeltreffen um Holleschbierg kënnt.
De Swift ass haut fréi a Féierung gang, no 4 Minutten stoung et 1:0 aus der Siicht vun Hesper. Virun der Paus konnt d'Lokalequipe ausgläichen, an kuerz drop a Féierung goen. An der 85. Minutt huet de Swift dun ausgeglach. Um Enn war net méi dran. Elo geet de Bléck no fir!