FC Swift Hesper 3:1 FC Déifferdeng 03

Foto vun RTL.lu



23 August 2020

No der langer Paus war fir den 1.Spilldag um Samstenowent Déifferdeng op Besuch. Virun 620 Supporter ass den Swift no 20 Minutten mat 1:0 a Féierung gang, daat duerch en 11m vum Hakim Abdallah. No 32 Minutten huet den Arbitter erem op de Punkt gewisen, dës Kéier allerdengs fir d`Gäscht. Den Killian Gulluni huet op 1:1 ausgeglach. No 37 Minutten koum et zu engem weideren 11m no engem Handspill vun Déifferdeng am Stroofraum, den Lenny Leonil huet de Swift mat 2:1 a Féierung bruecht, an esou ass et an d`Paus gang. An der 2.Hallschend war de Swift déi besser Ekipp, och wann Déifferdeng net ongeféierlech war. No 65 Minutten konnt den Hakim Abdallah mat sengem zweeten perséinlechen Goal vum Owent de Fiersprong weider ausbauen, 3:1 stoung et demno zum Schluss um Holleschbierg. E grousse Merci un d`Supporter déi sech super un déi aktuell Covid-Reglementer gehaal hunn, an esou zu engem exellenten Start an déi nei Saison bäigedro hun!

Resumé am Video