AS Jeunesse Esch 1:3 FC Swift Hesper


31 August 2020

Um 2.Spilldag konnt sech de Swift op der Escher Grenz virun 750 Supporter mat 3:1 durchsetzen. De Match war iwert wäit Strecken ganz ausgeglach, gudd Chancen waren op béiden Säiten ze notéieren. No engem Foul am Stroofraum huet den Arbiter an der 14.Minutt op de Punkt gewisen, den Hakim Abdallah huet den 11m suverän verwandelt. Mam 1:0 Avantage ass et an d`Paus gang. Nom Säitewiessel huet den Dominik Stolz an der 48.Minutt de Viersprong erhéicht, ier an der 61.Minutt d`Lokalekipp op 2:1 verkierzen konnt. D`Schlussphase war spannend, d`Jeunesse huet weider gedréckt, ma an der 89.Minutt huet de Kenan Avdusinovic mat engem schéinen Goal de Saak zou gemaach. 3:1 gewënnt de Swift also op der Grenz!

0:1 Abdallah (14'), 0:2 Stolz (48'), 1:2 Besch (61'), 1:3 Avdusinovic (89')