FC Swift Hesper 2:0 US Hueschtert

Foto vun Paul Krier / Fupa.lu



27 February 2021

Um Samstegmetteg huet de Swift doheem géint d`US Hueschtert gespillt. De Match ass ganz animéiert ungang a béid Ekippen hun hier Chancen kruut. No an no huet Hesper d`Rudder awer an d`Hand geholl an de Match dominéiert. Trotzdem sollt et an der Paus nach emmer 0:0 stoen. Nom Säitenwiessel huet de Swift weider Drock opgebaut. An der 54. Minutt war et dun eng super Eenzelleechtung vum Dominik Stolz, den mam Ball iwwert den halwen Terrain duerch déi komplett Hueschterter Defense gelaaf ass an de Ball zum 1:0 laanscht de Keeper an de Goal gesaat huet. Eng 20 Minutten drop war et erem de Stolz deen den Abdallah fir den 2:0 formidabel zervéiert huet. An der Schlussphase huet Hueschtert offensiv probéiert nach eppes ze retten, sou richteg geféierlech sinn se awer net méi ginn. Am Géigendeel, nëmmen de Mangel un Realismus a Präzisioun virum Goal aus der Siicht vum Swift hun dofir gesuegt dat et "just" mat engem 2:0 op en Enn goung, dës verdéngten Victoire hätt méi heich kënnen (a missten) ausfaalen.
Domat klëmmt Hesper provisoresch op déi 3.Platz am Klassement!