F91 Diddeleng 2:3 FC Swift Hesper


05 April 2021

Um Ouschterméinden stoung mam Match tëschend dem Tabellenzweeten vun Diddeleng an dem Swift den Spëtzematch um Programm. Diddeleng ass gutt an de Match komm an huet Fehler direkt ausgenotzt. Sou stoung et no 13 Minutten well 2:0 zu Gonschten vun der Lokalekipp. Hesper ass awer emmer besser an de Match komm, an bis zur Hallschend konnt de Swift duerch zwee Goaler vum Hakim Abdallah ausgläichen. An den zweeten 45 Minutten konnt den Sominik Stolz fir de Swift op 2:3 erheigen, domat sollt de Match och op en Enn goen.

Goaler:

1:0 Skenderovic (6'), 2:0 Van den Kerkhof (13'), 2:1 Abdallah (22'), 2:2 Abdallah (33'), 2:3 Stolz (63')