FC Swift Hesper 7:0 FC Una Stroossen (Video)


14 April 2021

Eng souverän Victoire gouf et fir Hesper. De Swift huet de Stroossener keng Chance gelooss a sech souverän mat 7:0 duerchgesat. An der Paus louch d'Lokalekipp scho mat 4:0 a Féierung. Den Dominik Stolz (3' an 28') an den Nicolas Perez (13', 42') hunn an den éischte 45 Minutten direkt zweemol fir hir Ekipp markéiert. Nom Téi huet Hesper weider de Match kontrolléiert. Duerch e weidere Gol vum Perez (52'), engem vum Hakim Abdallah (79') an dem Lenny Léonil (87') gouf et um Enn eng 7:0-Victoire.

Video vum Match

Artikel: RTL.lu