FC Swift Hesper 4:2 FC Wooltz 71


28 April 2021

No 4 Minutten huet de Stolz no engem Ballgewënn de Perez fonnt, deen Hesper mat engem schéine Schoss an de laangen Eck fréi a Féierung brénge konnt. Déi éischt Aktioune vum Match hu gewisen dass béid Ekippen engagéiert waren a mam Ball séier de Wee no vir gesicht hunn. No enger hallwer Stonn hat Wooltz déi bescht Chance vum Match, wéi den Timmermans eleng virum Joubert stoung, ma de Ball knapps laanscht de Gol gaangen ass. Kuerz virun der Paus konnt den Abdallah no engem Konter dann op 2:0 erhéijen, ma an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent war et den Osmanovic, dee fir Wooltz nach op 1:2 verkierzt huet.

Nom Säitewiessel war Hesper dann immens waakreg an ass sou och fréi zum nächste Gol komm. De Francoise huet dem Golkipp mat engem Schoss an de laangen Eck keng Chance gelooss a sou an der 46. Minutt op 3:1 erhéicht. Ronn 10 Minutten drop war et dann de Stolz, deen de Ball hannert d'Linn gedréckt huet a mam Gol zum 4:1 de Match sou gutt wéi entscheede konnt. Wooltz ass et zwar nach gelongen duerch en Eelefmeter an der 66. Minutt op 2:4 ze verkierzen, um Enn huet d'Lokalekipp awer näischt méi ubrenne gelooss an d'Féierung iwwert d'Zäit bruecht.

1:0 Perez (4'), 2:0 Abdallah (44'), 2:1 Osmanovic (45+2'), 3:1 Francoise (46'), 4:1 Stolz (55'), 4:2 Osmanovic


Artikel: rtl.lu