CS Fola Esch 2:2 FC Swift Hesper

Foto: Yann Hellers Photo par Yann Hellers



25 April 2021

Am Spëtzematch hu sech e Sonndeg d'Fola an Hesper mat engem 2:2-Remis getrennt. Domadder bleift et weider spannend am Championnat. Op béide Säite gouf et an den éischte 45 Minutten 3-4 uerdentlech Golchancen. An enger animéiert Schlussphas war et dunn de Swift, deen duerch den Abdallah mat 1:0 a Féierung gaangen aass.

No der Paus ass d'Fola mat Cent à l'heure aus der Kabinn komm. Bannent 2 Minutten huet een de Match gedréint. An der 48. Minutt huet de Pimentel den 1:1 markéiert an nëmmen 2 Minutten drop huet den Diallo seng Ekipp a Féierung bruecht. Hesper huet duerno versicht, fir nach eng Kéier zeréckzekommen an dat sollt dem Swift och geléngen. De Stolz huet an der 87. Minutt aus kuerzer Distanz op 2:2 ausgeglach. An der Nospillzäit hat de Stolz de Matchball um Fouss, ma konnt de Ball net verwandelen. Domadder gouf et een 2:2 tëscht béiden Ekippen.