Dammen an Härren: Meeschter & Opsteiger!


23 April 2020

No der Decisioun vun der FLF d'Saison 2019/2020 wéinst dem Covid-19 fréizäiteg ze annuléieren an d'Tabell esou ze wäerten wéi bis elo gespillt ginn ass, ass elo offiziell kloer dat de Swift als Tabellenéischten an d'BGL-Ligue opsteigt! Domat ass d'formidabel Leeschtung bis elo belount ginn. Nieft eisen Hären schléissen eis Dammen de Championnat och als Éischt of, a steigen an d'D1 op!
Och wann mir eis all gewënscht hätten d'Saison regulär op en Enn spillen ze kënnen, si mir frou dat d'Leeschtung vun alle Spiller a Spillerinnen an dem ganze Staff vum Veräin mat dësem Resultat gewierdegt ginn ass!