F91 Diddeleng : FC Swift Hesper


02 May 2022

Am Topmatch vum 27. Spilldag huet sech de Leader Diddeleng mat 1:0 géint Hesper duerchgesat. An engem spannende Match virun baal 1000 Zuschauer am Stade Jos Nosbaum hat Hesper de besseren Ufank, duerno ass d'Lokalekipp besser an de Match komm. Et gouf Golchancen op béide Säiten, woubäi déi zwee Golkippen am Mëttelpunkt stoungen. Och an der zweeter Hallschent war et en animéierte Match mat ville Golchancen. An der 83. Minutt konnt den Hadji fir den F91 de Ball an de Filet setzen.