FC Etzella Ettelbreck 0:2 FC Swift Hesper

FC Etzella Ettelbreck 0:2 FC Swift Hesper

Och den 3.Match dës Woch kann Hesper gewannen. De Swift hat iwert de Match däitlech besser Chancen, un der Chancenverwertung huet et awer massiv gehaapert, sou dat et bis déi 43.Minut gedauert huet bis den Dominik Stolz den iwerfällegen 1:0 schéissen konnt. Och an der 2.Hallschend daat selwegt Bild: trotz engerer kloerer Dominanz sollt de Ball net iwert d‘Linn goen. Nodems d‘Lokalekipp op en Hoer no nach ausgeglach hätt, huet de Benjamin Mokulu de Swift mam 2:0 an der 83. Minutt erléist an domat déi 3.Victoire nom Start vun de Réckronn kloer gemaach.

D‘Goaler am Video...