FC Etzella Ettelbreck 0:4 FC Swift Hesper

FC Etzella Ettelbreck 0:4 FC Swift Hesper

Zu Ettelbreck konnt de Swift de Match iwert déi komplett 90.Minutten dominéieren. No enger knapper hallwer Stonn war et de Philippe, dee seng Faarwen a Féierung bruecht huet, éier hien nach virun der Paus mat sengem zweete Gol op 2:0 gesat huet. Ënner schwierege Wiederkonditioune huet Hesper weider no vir gespillt an no 58 Minutten duerch de Couturier op 3:0 erhéicht. 10 Minutten drop war et op en Neits de Couturier, dee mat engem weidere Gol fir d’Endresultat gesuergt huet.