FC Progres Nidderkuer 2:2 FC Swift Hesper


02 April 2022

2:2 trenne sech de Progrès Nidderkuer an de Swift Hesper am Spëtzematch op dësem Samschdeg virun Ronn 950 Supporter. D'Partie hat immens Tempo vun Ufank un a béid Ekippen hu sech net vill geschenkt. An der 31. Minutt sinn d'Haushäre duerch e Gol vum De Almeida a Féierung gaangen. De Swift huet staark reagéiert an an der zweeter Hallschent an der 48.Minutt duerch de Mehdi Terki den 1:1 markéiert. Och no engem weidere Gol vum Progrès, daat erem duerch den De Almeida, konnt de Swift nees zeréck kommen. Den Dominik Stolz huet an der 80.Minutt ausgeglach a sou fir en absolut verdengten Punkt gesuergt.