FC Progres Nidderkuer 4:3 FC Swift Hesper
Foto vun Albert Krier
31 October 2021
Am Topmatch vun de 1/16-Finallen tëscht Nidderkuer an Hesper konnt no 90 Minutte kee Gewënner ermëttelt ginn, esou datt et an d'Verlängerung gaangen ass. An der 33. Minutt konnt Nidderkuer duerch en Eelefmeter vum De Almeida den 1:0 schéissen. Duerch e Selbstgol vum Bohnert an der 55. Minutt huet Hesper op 1:1 ausgeglach. An der Verlängerung konnt keng Ekipp fir eng Entscheedung suergen, sou datt et an d'Eelefmeterschéisse gaangen ass. Hei huet Nidderkuer beim 4:3 déi besser Nerve gehat a steet an der nächster Ronn.