FC Rodange 91 2:3 FC Swift Hesper


25 October 2021

Hesper ziddert sech beim Tabelleleschten bis an déi 98.Minutt, hëlt um Enn awer déi 3 Punkten mat heem. An der éischter Hallschent war de Swift déi dominant Ekipp a louch verdéngt an der Paus mat 2:0 duerch zwee Goaler vum Maxime Electeur fir. Nom Säitewiessel ass vun Hesper Säit vill manner komm an d‘Lokalekipp huet sech méi getraut. Nom Uschlossgol an der 75.Minutt wollt Rodange méi hunn an huet op den Ausgläich gedréckt. Den sollt dann an der 90.Minutt och nach falen. No der regulärer Spillzäit stoung et deemno 2:2. De Swift huet direkt probéiert ze reagéieren, a just 3 Minutten méi spéit huet de Ball am Filet gewackelt! Dem Maxime Electeur säin Schoss gouf vun engem Rodanger Verdeedeger liicht ofgefälscht. Um Enn bleift et bei wichtegen 3 Punkten an engem richteg staarken Match vum Maxime Electeur!