FC Swift Hesper 1:0 FC Victoria Rosport


02 May 2021

Dräi ganz wichteg Punkten an engem ganz schwaachen Match, esou léisst sech de Spilldag vun haut resuméieren. Während den 1. 45 Minutten huet de Swift de Match dominéiert ouni d`Chancen awer ze notzen. Ebessen glécklech konnt den Hakim Abdallah kuerz virun der Paus de Score op 1:0 stellen. An der zweeter Hallschend war et weiderhin en eichter schwaachen Match, ma um Enn sollt et beim iwert de Match gekuckt verdengten 1:0 bleiwen, sou dat de Swift vun der Nidderlag vun der Fola géint Munneref profitéieren kann fir de Réckstand ze verkierzen!