FC Swift Hesper 1:0 Unioun Titus Péiteng

Foto vun Vincent Lescaut



04 October 2020

No 5 Minutten hat Péiteng schonn's 1 Mann manner um Terrain. De Sefil Sohny hellt de Perez am Strofraum un. Vue que dass de Péitenger leschte Mann war, geet och déi Rout Kaart an d'Réi. An der Suite huet sech Péiteng hannen dra gestallt an op Konter gelauert. Hesper hat virun allem um Enn vun der 1 Hallschent wuel gutt Chancen, mee de Ball sollt einfach net an de Filet goen.
Um Holleschbierg hunn d'Spectateuren an der 2. Hallschent eng Lokalekipp gesinn déi nawell ferm gedréckt hunn an onbedéngt den 1:0 markéiere wollt. Mee och den agewiesselten Abdallah sollt de Ball net an de Filet setzen. Péiteng hat wuel e puer Konter Méiglechkeeten, mee wierklech geféierlech ass et net ginn. Sie kennen hirem Keeper Tom Ottelé e decke Merci soen, deen eng Chance no da anerer paréiert huet. An der 3. Minutt vun der Nospillzäit ass et dunn awer nach passéiert an Hesper konnt de verdéngte Gol duerch de Pedro schéissen. Péiteng, déi eng kämpferesch super Leeschtung gewisen hunn, mat enger batterer mee verdéngter Néierlag.
Quell: rtl.lu