FC Swift Hesper 1:1 FC Progres Niederkorn


17 October 2021

De Progrès war zu Besuch bei Hesper an huet sech trotz méi Spillundeeler kee Avantage konnten eraus spillen. Hesper ass lues a lues an de Match komm an hunn duerch e fantastesche Gol vum Stolz d'Féierung fonnt. Progrès huet alles no vir geworf, a konnt tatsächlech an der 2. Minutt vun der Nospillzäit duerch den Azong nach den Ausgläich markéieren, dass de Match mat 1:1 op en Enn geet.