FC Swift Hesper 2:1 US Mondorf

FC Swift Hesper 2:1 US Mondorf

Eng 345 Supporter haten bei schéinstem Wieder de Wee op den Holleschbierg fonnt. De Swift war vun Ufank un gutt am Match an huet d‘Gäscht ënner Drock gesat. Ganz onglécklech huet de Marques no 35 Minutten de Ball an den eegenen Goal deviéiert, a mat dem 1:0 Réckstand goung et dunn an d‘Paus. Nom Säitewiessel huet de Swift den Drock erhéicht an duerch e Goal vum Dominik Stolz no gutt 50 Minutten méi wéi verdéngt ausgeglach. An der Schlussphase sollt Hesper dunn d‘Nerven behalen an an der 87. Minutt endlech e Féierung goen. Eng haart erkämpften mee absolut verdéngten Victoire!