FC Swift Hesper 2:1 US Munneref


20 February 2021

An den éischte Minutten hu sech béid Ekippe schwéier gedoen an et gouf keng Golchancen. An de Minutten dono huet Hesper dann awer den Tempo ugezunn a konnt sech direkt e puer Golchancen erausspillen. An der 27. Minutt war et dann awer den Avdusinovic deen de Ball vu riets an d'Mëtt ginn huet an do huet de Francoise de Ball just nach missen iwwert d'Linn drécken. Zum Schluss vun der éischter Hallschent konnt Munneref d'Heemekipp méi an déi eegen Hallschent drécken mee trotz allem war et dann awer Hesper déi op 2:0 konnte stellen. E Schoss vum Garos ass just ganz knapps iwwert d'Linn gaangen.
No der Paus huet et Munneref probéiert mee Hesper stoung sécher an der Defense. No engem Corner ass de Ball an der 57. Minutt dem Tom Schnell un d'Hand gesprongen an et gouf Eelefmeter. Dësen huet de Mohammed souverän erageschoss. Munneref hat elo Blutt geleckt a wollt méi. Hesper sollt der Drangphase vun de Munnerefer awer Stand halen a gewënnt knapps mat 2:1.
 

Artikel: rtl.lu