FC Swift Hesper 3:2 FC Wiltz 71


24 April 2022

De Swift huet doheem knapp mat 3:2 géint Wolz gewonnen. Den Mehdi Terki hat seng Ekipp a Féierung bruecht. Den Ibrahimovic huet am Géigenzuch just eng Minutt méi spéit fir seng Ekipp ausgeglach. Duerch 2 perséinlech Goaler konnt de Rayan Philippe de Swift op 3:1 a Féierung brengen, daat direkt an der 28.Minutt an dun an der 62.Minutt. Den 3:2-Uschlossgol  no 82 Minutten vum Ibrahimovic koum fir d'Gäscht awer ze spéit. Domat get et elo richteg spannend e Sonden wann de Swift zu Diddeleng untrëtt. Béid Ekippen trennen aktuell just 2 Punkten.