FC Swift Hesper 3:3 Union Titurs Péiteng

FC Swift Hesper 3:3 Union Titurs Péiteng

Waat e Match. 580 Spectateuren hun fir de Match haut bezuelt, an den war et och dowert. D‘Gäscht sinn no 7 Minutten a Féierung gang, no nëmmen 2 Minutten huet de Swift awer ausgeglach, daat duerch e strammen Schoss vum Belameiri. An der 19. Minutt konnt Péiteng op 1:2 erhéigen a kuerz virun der Paus ganz onglécklech esouguer op 1:3 erhéigen. Mat dem Stand ass et an d‘Vestiairen gang. No der Paus huet Hesper gedréckt, an no jeweils enger rouder Kaart op Hesper an op Péitenger Säit ass et dann am 10:10 an d‘Schlussphase gang. De Rayan Philippe (72.Min) an den Mehdi Terki (88.Min) hun de Score op 3:3 gestallt, an der Nospillzäit wier e weideren Goal dran gewiecht, me et hätt haut net sollten sinn. Um Enn ginn d‘Punkten gedeelt.