FC Swift Hesper 5:0 FC Jeunesse Kanech


09 December 2019

De Swift huet vun Ufank un den Toun uginn, ouni sech awer konkret Golgeleeënheete kënnen erauszespillen. Dat huet d'Gäscht an d'Partie bruecht an esou hat Kanech déi eng oder aner Chance virum Hesper Gol gelongen. Um Enn vun der 1. Hallschecht war et allerdéngs d'Heemekipp, déi mat enger Féierung vum Punkt aus an d'Paus goe kann. De Babit hat den Eelefmeter verwandelt.
An den zweete 45 Minutten huet Hesper de Kanecher dann awer keng Chance méi gelooss a si praktesch aus dem Stadion geschoss. 2 Minutte ware gespillt wéi den Olivier Marques den 2:0 konnt schéissen. Nëmmen 8 Minutten drop huet de Babit mat sengem 2. perséinleche Gol vum Dag den 3:0 markéiert. Zwee weider Goler duerch de Fréderic Marques (79.') a Perez (84.') hunn de Match dunn endgülteg entscheet.


Quelle: rtl.lu