FC Swift Hesper 5:1 AS Jeunesse Esch


14 March 2021

Hesper war vun Ufank un den Här am eegenen Haus. Si ware beméit, sech Golchancen erauszespillen, ma et hat awer bis zur 33. Minutt gedauert, éiert de Colella Hesper a Féierung brénge konnt. De Garos hat de Ball perfekt op de Colella gespillt, deen de Ball ouni Problemer laanscht de Fox spille konnt.
An den éischte Minutten no der Paus konnt Hesper seng Avance ausbauen. De Stolz hat dem Fox hei keng Chance gelooss an Hesper konnt seng Féierung verdéngt ausbauen. D'Jeunesse huet sech nom Réckschlag awer net verstoppt. Si hunn de Wee an d'Offensiv gesicht a sou koume si och erëm an de Match. No enger Pass vu riets stoung de Voilis genau richteg an huet op 1:2 verkierzt. D'Jeunesse wollt den Ausgläich erzwéngen, ma et waren d'Haushären, déi fir eng Virentscheedung suerge konnten. De Stolz konnt an der 68. Minutt säin 2. perséinleche Gol markéieren, dëst no engem laange Ball vum Garos. Um Enn gouf et nach eng däitlech Defaite fir d'Jeunesse. No senger Awiesslung konnt den Abdallah nach 2 Goler dropsetzen, sou datt de Match mat engem 5:1 fir d'Haushären op en Enn gaangen ass.

Text:RTL.lu