FC Swift Hesper 7:0 RM Hamm Benfica


06 November 2021

E Freideg den Owend war den Optakt vum 11. Spilldag am nationale Futtballchampionnat. De Swift Hesper huet dem RM Hamm Benfica absolutt keng Chance gelooss a sech kloer mat 7:0 duerchgesat. Schonn no den éischte 45 Minutte stoung et 7:0 fir d'Haushären. D'Goler hunn de Florik Shala (22', 24', 45'), den Dominik Stolz (36', 39', 42') an den Maxime Electeur (20') geschoss.