Gedenken un den Tun Van Rijswijk

25 September 2020

Am Kader vum Championnatsmatch an der BGL Ligue tëschent Hesper an Diddeleng, huet sech dofir d'Ekipp vun 1990 vum Swift um Holleschbierg getraff.
Den Tun Van Rijswijck ass den 30. Abrëll am Alter vun nëmmen 59 Joer un enger kuerzer a schwéierer Krankheet gestuerwen.
 
Den 12. Juni 1990 hat den Tun Van Rijswijck mat de Gebridder Deville, Meylender a Co fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Hesper Club d'Coupe de Luxembourg gewonnen. Viru 4.000 Spectateuren am Stade Achille Hammerel hat sech de Swift mat 7:1 géint AS Déifferdeng behaapt.

Um Mëttwoch den Owend huet d'Ekipp sengem Kapitän 30 Joer no dësem Succès Äddi gesot. Mat dobäi waren och dem Tun Van Rijswijck seng Fra Josée a säi Jong Pit, dee sech nom Doud vu sengem Papp decidéiert huet, sech am Kampf géint de Kriibs ze engagéieren. Virun allem fir d'Recherche vun engem ganz aggressive Gehirtumor, dem Glioblastom.

De Projet heescht "Running againt cancer" a fir Suen ze sammelen, leeft de Pit 2021 de World Marathon mat. Dat heescht a 7 Deeg, 7 Marathonen op 7 verschiddene Kontinenter. En Challenge bei deem RTL hien natierlech suivéiert.

Reportage: RTL.lu / Foto: Albert Krier