Hesper wënnt de Spëtzematch!


06 November 2022

Am Spëtzematch vum 11. Spilldag huet Diddeleng géint Hesper kloer mat 0:4 de Kierze gezunn. Schonn no sechs Minutte konnt de Swift den 1:0 markéieren. Béid Ekippen hu vill an de Match investéiert, mee et waren d'Gäscht, déi virun der Paus nach e weidere Gol schéisse konnten. Diddeleng hat wuel Chancen, den Ecart ze verkierzen, blouf awer ouni Gléck. No der Paus war de Match manner animéiert, mee Hesper huet mat der éischter Chance den nächste Gol geschoss. An den nächste Minutten huet den F91 säin Trainer a säi Co-Trainer mat Giel-Rout verluer. An der 83. Minutt huet Hesper nach de 4:0 geschoss. Hesper iwwerhëlt domat d'Tabelleféierung.

Artikel: RTL.lu