Memberskaarten & Abonnementer


17 August 2020

D'Memberskaarten an d'Abonnementer fir d'Saison 2020/2021 kënnen ab elo hei um Site bestallt ginn. Fëllt dofir ganz einfach dësen Formular mat allen néidegen Informatiounen aus:

--> Formular

Zur Auswiel stinn folgend Varianten:

- Memberskaart - 15€
- Abonnement* - 115€
- VIP** - 165€
- VIP Couple - 280€

Beim Abonnementer an bei der VIP-Kaart ass eng Memberskaart inclus, beim VIP Couple sinn zwou Memberskaarten inclus.

* Den Abonnement zielt fir all Entrée vun all Heemmatch an der BGL-Ligue vun der Saison 2020/2021 an ass gëlteg fir d'Tribün an d'Gradinen. De VIP-Beräich ass net mat abegraff.
 
** Den VIP-Package zielt fir all Entrée vun all Heemmatch an der BGL-Ligue vun der Saison 2020/2021. En ass gëlteg fir d'Tribün an d'Gradinen. De VIP-Beräich un der Mëttellinn vun der Tribün ass mat abegraff. An der Paus steet en separaten Raum mat Erfrëschungen an der Buvette zur Dispositioun.