Pascal Carzaniga ersetzt de Jeff Strasser


15 October 2020

No der Konfirmatioun vu gëschter dat de Jeff Strasser net méi Trainer vum Swift ass, sinn mer frou säin Nofolger presentéieren ze kënnen. De Pascal Carzaniga, ehemolegen Trainer vun Déifferdeng, Diddeleng a Nidderkuer huet e Kontrakt fir d´Saison 2020/2021 ennerschriwen. De Räscht vum Staff bleiwt onverännert an hieren Funktiounen.
Häerzlech Wëlllkomm um Holleschbierg.

Dem Jeff soen mir villmols merci fir déi formidabel Arbescht déi hien mam Staff zesummen geleescht huet, a mir wënschen him alles Gudds fir seng berufflech a privat Zukunft!
Merci Jeff!