Pascal Carzaniga zeréck beim Swift!


24 May 2022

Den FC Swift Hesper ass frou den neien Trainer presentéieren ze kënnen! Mam Pascal Carzaniga kënnt den Trainer vun der Saison 2020-2021 zeréck op den Hesper Holleschbierg. Aus gesondheetlechen Grënn hat hien e Joer pauséiert fir elo erem den Challenge zu Hesper unzegoen! An der Saison 2020-2021 hat de Swift sech mam Pascal déi 3.Platz am Klassement gesechert.

Weider Informatiounen zum Staff kommen Enn der Woch, respektiv ungangs nächster Woch!

E grousse Merci dann och dem Aniello Parisi, den dës schwiereg Iwergangssaison tiptop gemeechtert huet!