RM Hamm Benfica 0:4 FC Swift Hesper


16 April 2022

Um Samstegowent huet de Swift Hesper um Cent géint den RM Hamm Benfica gespill. No engen 9 Minutten huet de Couturier de Swift a Féierung bruecht, no enger Flank vum Philippe. Vill Golchance gouf et net méi an et goung mat enger knapper 1:0-Féierung fir d'Favoritten an d'Paus. Nom Säitewiessel war de Swift esouguer nach méi séier, fir ze markéieren, well direkt an der 46. Minutt huet de Mokulu op 2:0 erhéicht an an der 80. esouguer op 3:0. De 4:0 huet dunn de Philippe an der 91. Minutt markéiert, bei deem Score ass et och bliwwen. Alles an allem huet de Swift de Match komplett dominéiert, dobäi awer vill Goalchancen leien geloos. Domat klammen mer op déi 2.Platz an der Tabell!