RM Hamm Benfica 1:1 FC Swift Hesper

© Felix Girst / RTL.lu Foto vun Felix Girst



28 September 2020

Hamm Benfica huet der Hesper Ekipp an der éischter Hallschent näischt geschenkt mee trotz allem waren d'Gäscht awer déi besser Ekipp an haten och méi a besser Chancen. Just am lëschten Drëttel huet d'Präzisioun an de Päss bei Hesper gefeelt, dat awer och wëll Hamm ganz kompakt stoung.

No der Paus war Hesper weiderhin dominant a konnten dann och duerch de Stolz an der 69. Minutt a Féierung goen. Aus 11 Meter konnt en de Ball am Filet ënnerbréngen. Wéi aus dem näischt konnt Hamm dann awer an der 76.' duerch e Fräistouss vum Hadraoui ausgläichen. An der Schlussphase war et en oppene Match an där Hamm den 2:1 wollt schéissen.

Quell: rtl.lu / Foto: © Felix Girst